Handball: Bierchem gewënnt géint Péiteng

Handball, Titelgrupp: Um 5. Spilldag gewënnt Bierchem doheem mat 34:28 géint Péiteng.

An der Paus loung Bierchem 15:13 vir.

An der zweeter Partie um Samschdeg konnt sech déi Déifferdenger Red Boys doheem mat 29:27 géint Péiteng duerchsetzen.

D'Partie tëschen dem HBD an Esch gouf wéinst der Halleffinale am Challenge Cup op de 7. Mee verréckelt.

An der Relegatioun war dann nach eng Partie um Sonndeg an do verléiert Miersch 20:26 géint Dikrech.