Challenge Cup: Esch misst fir d'éischt op Minsk

Finale vum europäeschen Challenge Cup: Den HB Esch misst den 18. Mee fir d'éischt a Wäissrussland géint Minsk untrieden. Et kéint awer nach getosch ginn.

Zu Wien gouf um Dënschdeg ausgeloust, wou den Allersmatch an der Finale vum europäesche Challenge Cup ass. Den Handball Esch spillt am Prinzip den 18. Mee fir d'éischt a Wäissrussland géint Minsk. De Retour wär dann déi Woch drop Samschdes den 25.ten Mee um 17 Auer hei zu Lëtzebuerg.

Et ass elo awer sécher, datt d'Equipe aus der Minettemetropole net zu Esch däerf spillen, well déi europäesch Handballfederatioun EHF, d'Hal zu Lalleng fir d'Finale net akzeptéiert. Et gëtt just eng Hal, déi vun der EHF fir dëse Rendezvous gutt geheescht gëtt, an dat ass d'Coque um Kierchbierg.

Den Handball Esch spillt säin Heemmatch an der Finale dann och do. Elo kéint et awer och nach sinn, datt déi Escher an Minsk hir Heemmatcher nach dréien. D'Wäissrussen hunn op jiddwerfalls näischt dogéint, fir d'éischt op Lëtzebuerg ze kommen.

Déi Escher decidéieren en Donneschdeg an hirem Comité, ob een elo fir d'éischt zu Minsk oder heiheem wëll spillen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.