Handball: Finale Diddeleng - Déifferdeng bei den Hären

Halleffinallen an der Coupe: Bei den Damme qualifizéiere sech Diddeleng an Dikrech fir d'Finale, bei den Häre sinn den HBD an d'Red Boys weider.

Den HBD feiert, well e steet an der Finale.
Bei den Dammen huet sech de Mëttwoch de Metten Diddeleng mat enger 39 op 16 Victoire géint de Standard als éischt Equipe fir d'Coupe Finalle qualifizéiert.

An enger ganzer enker Partie konnt sech dono als zweet Equipe de Chev Dikrech fir d'Finale qualifizéieren - 23:22 géint Käerjeng, den decisive Goal ass Sekonne viru Schluss gefall.

Hären

Bei den Häre konnt sech den HD Diddeleng iwwerraschend kloer mat 38 op 30 géint den HB Esch duerchsetzen. Bis an d'Paus war et awer ee ganz serréierte Match.

Di Déifferdenger Red Boys hu sech dunn nach um Owend mat 31 op 23 géint de CHEV Dikrech duerchgesat obwuel se an der Paus nach hanne waren.



D'Finale vun den Häre vun der "Loterie Nationale Coupe de Luxembourg" iwwerdroe mir de 4. Mee ëm 20.15 Auer am Internet an och op der Télé.

Dammen: HC Standard – HB Dudelange


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.