Handball-Match vun Esch an der Coque: Léisungen en Vue

Challenge Cup: D'Arena ass op deem Dag schonns vum Basket besat an och de Gymnase géif net zu Verfügung stoe well dee fir de Volleyball reservéiert ass.

Den Handball Esch dominéiert déi leschte Wochen d'Aktualitéit bei den Equipesportarten. Zanter en Donneschdeg ass gewosst, dass si den Allersmatch vun der Final am Challenge Cup hei zu Lëtzebuerg spillen. An déi Finale soll an der Coque gespillt ginn. Allerdéngs ginn et do zwee Problemer, well déi 2 Halen, souwuel déi grouss Arena wéi och dee méi klenge Gymnase sinn den 18. Mee besat. Bis d'Finale hunn déi Escher alleguerten hir Matcher an hirer Hal zu Lalleng gespillt. Fir d'Finale huet d'EHF, déi international Handball-Federatioun elo awer Nee gesot. De Georges Mischo vum Handball Esch seet, datt ee wéint de Reglementatioune misst op d'Coque iwwersprangen.

Dat géif awer bedeiten, dass d'Basket- respektiv d'Volleyballfederatioun missten dem Handball Esch an der Coque Plaz maachen. Domadder hätt d'Volleyball-Federatioun och kee Problem.

De President vun der Basketfederatioun Henri Pleimling huet eis gesot, dass och si bereet sinn d'Arena zu Verfügung ze stellen, sous-condition dass se hir Preparatiounsmatcher en vue vun de Spiller vun der Klenge Länner dann am Gymnase kéinte spillen.

Et kéint also esou ausgesinn, dass de Volleyball op Lalleng géif spille goen, woumatter hire President kee Problem hätt, de Basket an de Gymnase an den Handball Esch an d'Arena vun der Coque.