Profiskontrakt fir de Martin Muller beim ASV Hamm

De Martin Muller vum Handball Esch spillt déi aner Saison beim ASV Hamm Westfalen. Dat mellt eng Lokalzeitung.

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Si zitéiert den Trainer vum Club aus der zweeter däitscher Bundesliga, dee seet, de Lëtzebuerger wier am Handball sécher e klengen Exot, mä en hätt duerch seng staark Optrëtter am europäeschen Challenge Cup op sech opmierksam gemeet.