Handball: Jovicic, Paulus a Masiak wiesselen op Diddeleng

Den HB Diddeleng huet 3 nei Spiller fir déi nächst Saison. De Golkipp vum HB Käerjeng Mladen Jovicic huet fir 2 Saisone beim HBD ënnerschriwwen.

Mladen Jovicic© pressphoto.rtl.lu

Och vu Käerjeng, awer just fir eng Saison, kënnt de Jeff Paulus.

An och fir eng Saison huet de Lukacz Masiak ënnerschriwwen. Dee spillt den Ament bei Gas System Pogon Szczecin a Polen. Déi sinn déi 7. an der éischter polnescher Liga.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.