Handball: Volpi a Maione verstäerke Käerjeng

Am Härenhandball huet sech Käerjeng elo mat enger italienescher Fraktioun verstäerkt.

De Francesco Volpi ass en 2 Meter 07, 27 Joer ale lenke Réckraumspiller. De Pascquale Maione huet 31 Joer als 1 Meter 96 grouss an spillt um Krees. Déi zwee sinn och an der italienescher Nationalequipe. Dann krut d'Equipe aus der Brauereistad mam Mikke Tarp-Moldrup aus Dänemark och e neie Goalkeep. Den 18 Joer jonken Dan Welter kënnt vum Handball Esch.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.