Champions League: HB Esch muss kee Quali-Tournoi spillen

Handball Champions League: Den HB Esch muss just géint eng Equipe spille fir et bis an d'Gruppephase ze packen.

Nodeems den Handball Esch d'Final vum Challenge Cup gespillt huet, si se déi nächste Saison an der Championsleague vertrueden.

Normalerweis hätt de Lëtzebuerger Champion Uganks September e Qualifikatiounstounoi musse spillen.

Well awer 3 Equipe fir d'Kompetitioun Forfait erkläert hunn, spillen déi Escher elo just géint eng Equipe. An zwar géint Drott Halmstad.

Kommen se géint d'Schwede weider da stinn si an der Gruppephase vun der Championsleague.

Den éischte Match ass fir de Weekend vum 24. respektiv 25. August geplangt. De Retour eng Woch drop.

Wien Heemrecht kritt, decidéiert sech den nächsten Donneschdeg.