Um Dënschdeg war den Tirage vu verschiddenen europäesche Couppen. Op déi Lëtzebuerger Vertrieder waarde Géigner aus Litauen an aus der Belsch.
Vun RTL
Di Käerjenger Handball-Häre spillen am 1. Tour vum EHF Cup géint Klaipeda Dragunas aus Litauen.
Den Aller-Match ass de Weekend vum 7./8. September zu Käerjeng virgesinn. De Retour-Match ass dann de Weekend vum 14./15. September a Litauen. Allerdéngs kann dat nach änneren.
Donieft ass och di 3. Ronn am Challenge Cup gezu ginn an do spillt de Coupegewënner HB Diddeleng géint Tongeren aus der Belsch.
Bei den Dammen spillt an der 2. Ronn vum europäeschen EHF Cup den HB Diddeleng géint AC Loux Patras aus Griicheland.
A sollt den HB Esch an der Champions League géint Halmstad aus Schweden net weiderkommen, da waart op déi Escher am EHF-Cup mat Kristianstad ee weidere Veräin aus Schweden.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.