Handball: Déifferdeng mat 2 neien Auslänner fir nei Saison

Am Handball hunn d'Red-Boys Déifferdeng sech fir déi nei Saison mat 2 auslännesche Spiller verstäerkt.

Am Handball hunn d'Red-Boys Deifferdeng sech fir déi nei Saison mat 2 auslännesche Spiller verstäerkt. Vu Lemgo kënnt den 26 Joer ale Schwed Patrik Johannson. De Lénkshänner soll de Réckraum  verstäerken. Nei am Kader ass och de Slowen Andraz Podvrsic vu Bregenz. Hien huet 30 Joer a seng Positioun ass um Krees. Haddad, Baumont an Müller sinn net méi am Kader.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.