Handball: Den Nenad Malencic kënnt bei den HB Esch

Den Handball Esch verstäerkt sech mam Serb Nenad Malencic, dee vum tunesesche Club Aigle sportif Téboulba op Esch wiesselt.

Et gouf en Accord mam serbesche Spiller fonnt, lo bleiwe just nach d'Detailer vum Transfert ze klären.

Wat d'Matcher an der Champions League ugeet, huet de Club sech mam Géigner aus Schweden, Drott Halmstad, op 2 Datumer geeenegt. Den Allermatch gëtt de 24ten August um 18 Auer am Gymnase vun der Coque gespillt. De Retourmatch ass den 31ten August um 16 Auer zu Halmstad a Schweden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.