HB Esch: Match géint Schweden wuel ouni Andy Mauruschatt

Den Handball Esch spillt e Samschdeg, 24. August an der Championsleague géint d’Schweden vun Halmstad. Dat awer wuel ouni hire Goalkeep Andy Mauruschatt.

Den Andy Mauruschatt huet sech nämlech un den Aduktore blesséiert.

Beim HB Esch hunn se awer scho reagéiert a mam 27 Joer ale Sebastian Bininda vum däitsche Club HV Vallendar en Ersatz fir 2 Méint engagéiert.