Handball: Den HB Esch wënnt 30:26 géint Halmstad

Am Aller-Match an der Qualifikatiounsronn vun der Champions-League wënnt den HB Esch 30:26 géint de schwedesche Champion Halmstad aus Schweden.

De Lëtzebuerger Champion Handball Esch war an der Coupe d’Europe géint de schwedesche Champion HK Drott Halmstad am Asaz. D’lescht Saison huet den Handball Esch jo e Stéck Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen, andeems se bis an d’Finale vum Challenge-Cup komm sinn.

Dës Saison sinn se bei de groussen Ukomm well e Samschdeg Owend war den Aller-Match an der Qualifikatiounsronn fir d’Gruppephase vun der Champions-League.

An der éischter Halschent konnte virun allem de Max Kohl an de  Sebastian Bininda iwwerzeegen. De Kohl mat 6 Goaler an den éischten 30 Minutten, mee de wichtegste Spiller op Escher Säit war de Goalkeeper Sebastien Bininda. No der 1. Halschent loungen déi Escher mat 17:15 a Féierung.

Am Ufank vun der 2. Halschent haten déi Escher dunn awer e puer Problemer. No 5 Minutten konnt Halmstad nämlech op 18:18 verkierzen. Déi Escher konnte sech awer weider op de Max Kohl verloossen. Um Enn koum hien op 10 Goaler. Weidere wichtege Spiller op Escher Säit de Sacha Pulli, deen an der 2. Halschent 7 mol fir déi Escher getraff huet.

Domat behaalen déi Escher real Chancen am Retourmatch nächst Woch zu Halmstad.

Handball Virschau - De Reportage vum Gilles Tricca



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.