Handball-Stream EHF-CUPHandball Käerjeng - S.L. Benfica

E Samschdeg, de 15. Oktober vun 18.30 Auer u weise mir de Match op RTL.lu an op der App.

Um 18.30 spillen déi Käerjenger e Samschden den Owend doheem hire Retourmatch am 2. Tour vum europäeschen EHF Cup géint Benfica Lissabon wou et gëllt e 5 Goaler Retard op ze huelen.

Déi Déifferdenger Red Boys dogéint spillen e Sonnden um 15 Auer eiser Zäit hire Retour Match an dem selwechten EHF Cup an Israel géint Maccabi Rishon LeZion. De Lëtzebuerger Champion hat mat engem Goal Differenz den Aller-Match verluer.

D'Rees vun den Déifferdenger war e Freideg um 14 Auer lass gaangen. Zu Istanbul um Fluchhafe goufen et grouss Diskussiounen iwwer d'Pabeiere vum Déifferdenger Spiller Senjin Kratovic. Déi ganz Delegatioun vun 23 Persounen huet sech solidaresch gewisen an huet refuséiert ouni de Kratovic an de Fliger ze klammen.

No laangen Diskussiounen huet sech den administrative Problem geléist an déi Déifferdenger Delegatioun huet géint 2 Auer an der Nuecht e Fliger geholl a Richtung Israel.

Och an Israel war et net evident fir duerch d'Passkontroll ze kommen; et huet ganz laang gedauert an et war och provisoresch eng Wallis vun engem Spiller verschwonnen.

Dëst si wierklech net déi ideal Viraussetzunge fir de Retourmatch gutt ze preparéieren.