VIDEO: Live! Planet PeopleExtremschwëmmer Lewis Pugh ass duerch d'Arktis geschwommen

Mat sengen Aktioune wëll de Brit op Problemer vun de Weltmierer duerch d'Ëmweltverschmotzung opmierksam maachen

Live! Planet People (21.11.2017)
Den Extrem-Schwëmmer Lewis Pugh an de Lëtzebuerger Mieresbiolog Pierre Gallego engagéieren sech allebéid géint d'Verschmotzung vun de Weltmierer.
Nach de Weekend ass de Lewis Pugh duerch d'Antarktis geschwommen. Bekannt gouf hien awer, well hien 2007 queesch duerch den Nordpol geschwommen ass. Domadder wollt hie weisen, datt d'Äis an der Arktis am Gaang ass, ze schmëlzen.

Nieft him an der Sendung ass de Lëtzebuerger Mieresbiolog Pierre Gallego, dee op Walfuerschung spezialiséiert ass. Hie kritiséiert, datt de ville Plastik am Waasser ganz schiedlech fir d'Walen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.