A gudder FormJulien Henx qualifizéiert sech fir WM am 25-Meter-Baseng

De Julien Henx trainéiert zanter 2016 zu Talence a Frankräich. Dee Wiessel dréit lues awer sécher seng Friichten.

© Pedro Venancio / RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)

De Julien Henx mécht déi leschten Zäit mat ganz gudde Leeschtungen am Schwammbaseng op sech opmierksam. De Sportzaldot trainéiert zanter 2016 zu Talence a Frankräich. De leschte Weekend war de Julien Henx op Besuch zu Lëtzebuerg, dat am Kader vum Challenge international vun Diddeleng. An do konnt sech de Julien Henx dann och scho fir déi nächst Weltmeeschterschaft qualifizéieren, dëst direkt op 2 Strecken: op de 50 an 100 Meter Crowl realiséiert de Julien Henx de Minima, fir 2018 bei der Weltmeeschterschaft am 25-Meter-Baseng a China mat dobäi ze sinn.

Julien Henx an Topform - Reportage vum J.F. Schneiders

Op de 50 Meter Crowl ass de Julien Henx dann och nëmmen 1 Honnertstel iwwert sengem eegene Landesrekord bliwwen. Wann ee bedenkt, dass den 22 Joer ale Sportzaldot ouni spezifesch Preparatioun un den Depart vun dësem Challenge international zu Diddeleng gaangen ass, da sinn dës Leeschtungen vum Sprinter schonn héich anzeschätzen. Hie war selwer vu senge Chronoen iwwerrascht a war ganz zefridden.

Beim Julien Henx wéisst d'Formkurv zanter sengem Wiessel bei säin neie Veräin zu Talence a Frankräich konstant no uewen. Et stellt ee ganz einfach fest, dass de Julien Henx progresséiert. Op der leschter WM zu Budapest war et een neie Landesrekord op den 100 Meter Crowl.

De Julien Henx gesäit den Ënnerscheed par Rapport zu Lëtzebuerg, wat säin Training ugeet, dann och op der enger Säit an der Quantitéit. A Frankräich trainéiert hien an engem Sprinter-Grupp, deemno manner laang Seancen, dofir méi eng héich Intensitéit an och Qualitéit. Et géif den Ament gutt lafen, am Training wier hie staark an och am Kraafttraining wier e gutt drop. De Sportzaldot huet grouss Erwaardungen a war dowéinst och e bëssen enttäuscht, dass e keng nei Landesrekorder geschwommen ass. An de franséische Meeschterschaften rechent hie mat Podiumen.

D'franséisch Meeschterschaften Ufank Dezember falen iwwregens op een Datum mat den nationale Meeschterschaften hei zu Lëtzebuerg zesummen. A Frankräich muss hie moies an der Qualifikatioun schonn eng top Zäit schwammen, fir an d'Finale ze kommen. Zu Lëtzebuerg ass dat anescht, well hei den Niveau méi niddreg ass.

Deemno war et genee dee richtege Choix, fir de Julien Henx säin Trainingsstanduert ze wiesselen. De Projet geet bis elo op jiddefall voll ob, an de Julien Henx geet säi Wee a Richtung Tokyo 2020 dann och geziilt weider.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.