SchwammenNees Lëtzebuerger Rekord fir de Julien Henx an der B-Finall

Um Freideg huet de Julien Henx am franséische Championnat zu Montpellier nach eng Kéier een neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt.

© Archiv Pressphoto
De Julien Henx ass schonn um Freideg Moien een neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Crawl am franséische Championnat zu Montpellier am 25-Meter-Baseng geschwommen. Den Athlet aus der Elite Sportsektioun vun der Arméi, schléit no 22 Sekonnen an 3 Honnertstel un. Hie bleift domat 13 Honnertstel ënnert sengem eegene Rekord, deen hie virun 3 Joer zu Doha opgestallt hat.

An der B-Finall um Freideg den Owend huet hien dee Rekord nach eng Kéier verbessert an ass fir déi éischte Kéier ënner 22 Sekonnen mat 21 Sekonnen an 91 Honnerstel.

Schonns en Donneschdeg hat de Julien Henx sech iwwer 100 Meter Papillon fir d'Weltmeeschterschaft 2018 a China qualifizéiert. Mat senger Zäit vun 52 Sekonnen a 86 Honnertstel ass hien eng hallef Sekonn ënnert dem Minima bliwwen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.