SchwammenDe Julien Henx verbessert Rekord op een Neits a gëtt den 2.

Schonn e Freideg hat den Henx en neie Rekord iwwer 50 m Crawl opgestallt.

De Julien Henx© Pedro Venancio (Archiv)
De Julien Henx ass op de franséische Meeschterschaften am Schwammen am 25-Meter-Baseng richteg gutt drop a verbessert um Samschdeg schonn nees e Lëtzebuerger Rekord.

No de 50 Meter Crawl e Freideg war et um Samschdeg un de 50 Meter Papillon.

Den Athlet aus der Elittesport-Sektioun vun der Arméi schléit no 23 Sekonnen an 58 Honnertstel un a verbessert säin ale Rekord vu virun 2 Joer zu Diddeleng ëm 26 Honnertstel.

Mat dësem Chrono huet sech den Henx och zu Montpellier fir d'A-Finall qualifizéiert.

An der Finall konnt hie säi Rekord op een Neits verbesseren. Hie gëtt an der A-Finall den 2. an enger neier Beschtzäit vun 23 Sekonnen an 38 Honnertstel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.