VIDEO: SchwammenDe Raphaël Stacchiotti wënnt 9 vu méiglechen 9 Titelen

Um Samschdeg war den éischten Dag vum Wanterchampionnat am Schwammen zu Déifferdeng.

Wanterchampionnat am Schwammen (02.12.2017)
De Raphael Stacchiotti wënnt 9 vu méiglechen 9 Titelen.
Neien nationale Rekord um Samschdeg och fir de Raphaël Stacchiotti um Wanterchampionnat zu Déifferdeng: 400 m Crawl absolvéiert hien an 3:46,42 a gewënnt och den Titel op där Streck. De Lëtzebuerger qualifizéiert sech mat där Zäit och fir d'WM a China dat anert Joer. Nieft dem neie Rekord konnt sech de Stacchiotti nach Titelen iwwer 200 Meter 4Nages, 100 Meter Réck, 100 Meter Papillon, 50 Meter Crawl, 200 Meter Crawl, 50 Meter Brasse, 200 Meter Brasse an 100 Meter 4Nages sécheren.

De Pit Brandenburger kënnt iwwer 200 Meter Crawl op déi zweete Plaz a qualifizéiert sech domadder fir d'Europameeschterschaft an Dänemark.

PDF: D'Resultater vum 1. Dag: Deel 1

PDF: D'Resultater vum 1. Dag: Deel 2

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.