Schwamm-EM zu KopenhagenPerséinlech Beschtzäit fir de Pit Brandenburger

Vum 13. bis de 17. Dezember sinn d'Schwamm-Europameeschterschaften am klenge Baseng zu Kopenhagen an Dänemark.

© Archiv Pressphoto
Zum Optakt war de Pit Brandenburger iwwer d'400 Meter Crawl um Depart. Den 22 Joer ale Lëtzebuerger kënnt a sengem Laf op déi 4. Plaz an am Ganzen, op déi 33. Plaz ënner 39 Konkurrenten, dat an enger Zäit vun 3 Minutten, 51 Sekonnen an 68 Honnertstel.

De Schwëmmer war déi éischt 100 Meter immens séier ugaangen, huet dono awer säi Rhythmus fonnt a konnt seng eege perséinlech Beschtzäit verbesseren. 

Um Donneschdeg ass de Lëtzebuerger nach iwwer 200 Meter Crawl um Depart.

LINK: D'Resultat am Detail um offizielle Site vun den Europameeschterschaften

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.