Militär-WM am SchwammenRaphaël Stacchiotti wënnt Bronze iwwer 200m 4nages

Op der Militär-Weltmeeschterschaft am Schwammen zu Rio de Janeiro huet de Stacchiotti an der Finall iwwer 200 Meter 4nages Bronze-Medail gewonnen.

© pressphoto (Archiv)

De Lëtzebuerger Schwëmmer huet iwwert déi 200 Meter 4nages no 2 Minutten 1 Sekonn a 30 Honnertstel ugeschloen.

D'Victoire war fir de Schwäizer Jeremy Desplanches (1:57,85) an de Russ Semen Markovich (2:00,98) war den Zweeten.

De Sprinter Julien Henx ass iwwer 100 Meter Papillon eng Zäit vu 55,4 Sekonne geschwommen. Domadder ass den 22 Joer ale Schwëmmer 62 Honnertstel iwwert senger Beschtzäit vun de Spiller vun de klenge Länner a San Marino bliwwen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.