Militär-WM zu RioHenx direkt zweemol mat Rekord iwwer 50m Papillon

Um drëtten Dag vun der Militär-Weltmeeschterschaft am Schwammen huet de Julien Henx iwwer 50 Meter Papillon de Rekord direkt zweemol verbessert.

© RTL (Archiv)

Deen éischte Coup: Mat enger Zäit vu 24 Sekonnen an 20 Honnertstel ass de Julien Henx 6 Honnertstel ënnert senger Beschtzäit aus dem Juli bliwwen. Do dernieft huet hie sech mat där Zäit och fir d'Finall en Donneschdeg den Owend qualifizéiert gehat.

Do huet de Lëtzebuerger säi Rekord iwwer 50 Meter Papillon eng 2. Kéier verbessert. De Schwëmmer vun Diddeleng schléit no 24 Sekonnen an 10 Honnertstel un a war domat eng Zéngtel méi séier wéi moies. An der Finall kënnt hien op d'Plaz 6.

De Raphaël Stacchiotti ass iwwer 200 Meter Crawl eng Zäit vun 1 Minutt 51 Sekonnen a 44 Honnertstel geschwomm. De Lëtzebuerger huet als 9. d'Finall knapp verpasst.

De Raphaël Stacchiotti verpasst d'Finall



De Raphael Stacchiotti huet um Mëttwoch d'Bronzemedail iwwer 200 Meter 4 Nages op der Militär-Weltmeeschterschaft gewonnen. Nieft sengen 2 Junior Europameeschtertitelen war et dat beschte Resultat wat hie bis elo international Opweises hat.

Bronze fir de Raphaël Stacchiotti/Reportage Rich Simon



An dofir war d'Freed och no der Course grouss. Hien huet dat gehale wat hie versprach hat, well d'Zil war kloer eng Medaille mat heem ze bréngen. De Lëtzebuerger Schwëmmer ass frou an houfreg iwwer seng Leeschtung, ma awer ass hien der Meenung, dass nach méi dra gewiescht wier.

De Raphael Stacchiotti huet an 2 Minutten 1 Sekonn an 3 Honnertstel ugeschloen. Säin d'Zil ass et elo fir ënner déi magesch Grenz vun 2 Minutten ze kommen. Eventuell am Januar um Euro Meet.

E Freideg schwëmmt de Raphael Stacchiotti nach 200 Meter Réck op der Militär-WM.

D'Schreiwes vun der FLNS:

Landesrekord für Julien Henx

Am dritten Tag der Militär-Weltmeisterschaft im Schwimmen in Rio de Janeiro waren die FLNS-Athleten Raphael Stacchiotti über 200m Freistil und Julien Henx über 50m Schmetterling im Einsatz.

Julien Henx stellte in 24,20 Sekunden über 50m Schmetterling einen neuen Landesrekord auf. Der Düdelinger blieb damit um 6 Hundertstel unter seiner Bestzeit, aufgestellt im Juli diesen Jahres und qualifizierte sich als Vierter für das Finale am Abend.

Nach seinem Coup gestern mit der Bronzemedaille über 200m Lagen, schwamm Raphael Stacchiotti heute in 1:51,44 Minuten über 200m Freistil auf Rang neun und verpasste knapp das Finale der besten Acht. Den letzten Final-Platz sicherte sich der Franzose Alexandre Derache in 1:51,06 Minuten.