Militär-WM am SchwammenJulien Henx verpasst knapp de Podium an 100m Crawl-Finall

Op der Militärweltmeeschterschaft am Schwammen zu Rio a Brasilien huet de Julien Henx iwwer 100 Meter Crawl de Podium als 4. nëmme ganz knapp verpasst.

© pressphoto (Archiv)
De Schwëmmer vun Diddeleng schléit no 50 Sekonnen an 11 Honnertstel un, an bleift domat just 5 Honnertstel iwwer sengem eegene Lëtzebuerger Rekord. Zu Rio waren et 36 Grad.

Nieft dem Julien Henx war och nach de Raphaël Stacchiotti an de Finallen am Asaz. Den Ettelbrécker ass iwwer 200 Meter Réck de 5. ginn. De Lëtzebuerger huet no 2 Minutten 6 Sekonnen a 37 Honnertstel ugeschloen. Gold war fir de Brasilianer Leonard de Deus mat enger Zäit vun 1 Minutt 58 Sekonnen an 58 Honnertstel.

Um Enn vun der Militär-WM am Schwamme bleift eng Bronzemedail fir de Raphaël Stacchiotti iwwer 200 Meter 4Nages an zwee Lëtzebuerger Rekorder fir de Julien Henx iwwer 50 Meter Papillon an eng 4. Plaz iwwer 100 Meter Crawl.

Schreiwes vun der FLNS

Nach seinen Bestzeiten über 400 und 200 Meter Freistil bei der Schwimm-EM in Kopenhagen verpasste Pit Brandenburger am Samstag eine weitere Bestmarke. 

Über 100 Meter Freistil kam der 22-Jährige in 49,84 nicht an seine vor zwei Wochen bei den nationalen Meisterschaften aufgestellte Bestzeit (49,42) heran und belegte bei seinem letzten Einsatz in der "Royal-Arena" von Kopenhagen Rang 68 von 86.

Trotzdem kann Pit stolz auf seine Leistungen sein, zwei Bestzeiten bei drei Starts sind aller Ehren wert. Nun beginnt für den 22-Jährigen neuer Lebensabschnitt. Im Januar 2018 tritt er den Dienst in der Elitesportsektion der Luxemburger Armee an.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.