SchwammenRémi Fabiani huet beim Euro-Meet op sech opmierksam gemaach

De Rémi Fabiani ass e ganz talentéierten Lëtzebuerger Nowuessschwëmmer.

© pressphoto

De Weekend elo war de 16 Joer alen Réckespezialist awer zum Beispill schonn an der Finall iwwer 200 Meter. De Sportler aus dem Déifferdenger Schwammclub gehéiert also zu der Generatioun, déi no Stacchiotti an Henx kënnt.

Rémi Fabiani/Reportage Franky Hippert

De Rémi Fabiani ass e villverspriechenden Schwëmmer. Hien ass vum Swimming Lëtzebuerg op Déifferdeng gewiesselt an hofft do e weidere Sprong no vir ze maachen.

E Sonndeg stoung de 16 Joer jonke Schwëmmer an der A-Finall iwwer 200 Meter Réck beim Euro-Meet. De Rémi Fabiani huet dann och mat engem Chrono vun 2 Minutten 8 Sekonnen an 96 Honnertstel eng nei perséinlech Beschtzäit opgestallt.

E Réckbléck op 20 Joer Euro-Meet (29.01.2018)
Et ass en Evenement, dat an de leschte Joren ëmmer méi grouss a wichteg ginn ass. Den Euro-Meet an der Coque.

Mat där Zäit huet sech de Rémi Fabiani op alle Fall fir d'Jugend-Europameeschterschaft qualifizéiert, déi vum 4. bis den 8. Juli zu Helsinki a Finnland ass.

Grousst Zil vun der Saison sinn awer d'Olympesch Jugendspiller am Oktober zu Buenos Aires an Argentinien. Fir dohin ze kommen, muss de Fabiani seng Beschtzäit awer nach ëm ronn 3 Sekonnen verbesseren.

An der A-Finall e Samschdeg war och deen anere Lëtzebuerger Réckespezialist, de Max Mannes, dee sech do, dem Déifferdenger Nowuesstalent huet misse geschloe ginn.

Rémi Fabiani ass awer sécherlech e Numm, deen een an de nächste Joren nach dacks am Lëtzebuerger Schwammen dierft héieren. Ma, bis dat 16 Joer jonkt Talent, d'Lëtzebuerger Rekorden am Réck vum Jean-François Schneiders wäert verbesseren, wäert awer wuel nach e bëssen daueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.