Franséischt Schwamm-ChampionnatMax Mannes verpasst d'EM-Qualifikatioun

Iwwer 50 Meter Réck huet de Max Mannes um franséische Championnat säin Zil d'EM-Qualifikatioun verpasst.

© pressphoto (Archiv)

De Max Mannes huet iwwer 50 Meter Réck no 26 Sekonnen a 74 Honnertstel ugeschloen. De Lëtzebuerger kënnt mat där Zäit op déi 22. Plaz bei de franséische Meeschterschaften zu Saint Raphael.

De Julien Henx huet um Mëttwoch iwwer 100 Meter Crawl ee Chrono vu 50 Sekonnen a 56 Honnertstel realiséiert a gëtt domadder de 15. am Generalklassement.