Tennis-InterclubD'Schéiss bei den Dammen an den Hären nom 4. Tour a Féierung

Am 4. Tour vum Weabe League Interclub-Championnat am Tennis huet bei den Hären d'Schéiss um Houwald mat 9:1,5 gewonnen.

Schëffleng huet mat 5:5,5 géint d'Spora de Kierzere gezunn. Luerenzweiler wënnt 6:4,5 géint Stengefort a Rëmeleng muss sech mat 2:8,5 géint Dikrech geschloe ginn.

Nom 4. Tour ass d'Schéiss an der Tabell mat 11 Punkten virop. Op de Plazen 2 an 3 kommen d'Spora mat 9 Punkten a Schëffleng mat 7 Punkten.

Bei den Dammen huet Ëlwen sech um Samschdeg mat 0:7 géint d'Spora verluer. D'Schéiss setzt sech mat 6:1 géint den Houwald duerch. Stengefort klappt Péiteng mat 4,5:2,5 an en 3,5:3,5 Remis gouf et tëscht Jonglënster a Schëffleng.

An der Tabell do steet d'Schéiss mat 12 Punkten un der Spëtzt, dat viru Stengefort a Péiteng mat 9 respektiv 7 Punkten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.