Radio Sport-Club vum 13. OktoberEléonora Molinaro zouversiichtlech fir d'Luxembourg Open

De Weekend fänken am Tennis d'BGL BNP Paribas Luxembourg Open un.

Radio - Sport Club: Eléonora Molinaro (13.10.2017)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.

Resumé Radio Sport-Club / Reportage Rich Simon



Déi 17 Joer jonk Eléonora Molinaro spillt schonn eng drëtte Kéier bei dësem WTA-Dammen-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier an der Qualifikatioun. Dat grousst Talent vun der Schéiss, dat an der Juniorweltranglëscht schonn op der Plaz 85 stoung, gëtt als gréisst Hoffnung am Land ugesinn, fir eng Kéier Nofolgerin vu Minella, Schaul a Kremer ze ginn. D'Tennisspillerin ass dëse Weekend an der Qualifikatioun fir den Haapttableau op der Kockelscheier am Asaz. Dat war natierlech och een Thema am Sport-Club.

Zanter 10 Joer huet d'Eléonora Molinaro eng Tennislizenz an ass enk mam Tournoi op der Kockelscheier verbonnen. Virun 2 Joer huet d'Eléonora Molinaro eng éischte Kéier d'Qualifikatioun op der Kockelscheier gespillt. D'Zil ass et dëst Joer een Tour an der Qualifikatioun weider ze kommen.

Een Highlight an der Carrière vum Eléonora Molinaro war dëst Joer d'Qualifikatioun fir den Haapttableau vun den Australien Junior Open zu Melbourne.

Fir 2018 huet d'Eléonora Molinaro e puer Ziler, ënnert anerem et an d'Top 500 an der Weltranglëscht ze packen. An dat heescht sech vun der aktueller 804. Plaz an der Weltranglëscht no vir ze schaffen. Mam Zil iergendwann ënnert Top 100 ze kommen. Dat ass fir d'Claudine Schaul, Directeur Sportif vun der Schéiss, dem Club vum Eléonora Molinaro, och realistesch. Och wann et ee wäite Wee ass.

Am éischten Tour vun der Qualifikatioun fir den Haapttableau vum Tennis-Tournoi op der Kockelscheier, kritt d’Eléonora Molinaro et um Samschdeg mam Yanina Wickmayer ze dinn.

D’Lëtzebuergerin steet an der Weltranglëscht op der 804. Plaz, d’Belsch op der 119. D’Yanina Wickmayer war schonns eng Kéier op der 12. Plaz am WTA-Ranking.

Radio Sport-Club: Eléonora Molinaro



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.