VIDEO: Tennis op der KockelscheierOpbauaarbechte lafen op Héichtouren

De WTA-Tournoi, deen dëst Joer fir di 22. Kéier organiséiert gëtt, dauert selwer wuel nëmmen 8 Deeg, mä d'Opbauaarbechte goufe schonn den 2. lancéiert.

Opbauaarbechte fir de WTA-Tournoi op der Kockelscheier (12.10.2017)
3 Woche laang gehéiert den CK-Sportzenter op der Kockelscheier exklusiv dem internationalen Dammentennis.
3 Woche laang gehéiert den CK-Sportzenter op der Kockelscheier exklusiv dem internationalen Dammentennis. De Gros vun den Opbauaarbechten ass d'Installatioun vun de 4 Tennis-Terrainen: 2 fir den Tournoi an 2 fir den Training. Zanter dem Ufank vum Tournoi ass den Olaf Salzer fir d'Terraine responsabel.

De Nico Keiffer huet dem Olaf Salzer beim Opbau iwwer d'Schëller gekuckt. 

D'BGL BNP Parisbas Luxembourg Open fänken de Weekend mat der Qualifikatioun un, déi nächst Woch geet et da mam Haapttableau weider. D'Finall gëtt den 21. Oktober gespillt.

Mat dobäi ass dëst Joer ënnert anerem d'Angelique Kerber, déi fréier Nummer 1 op der Welt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Eleonora Molinaro an der Qualifikatioun mat dobäi.

Dir kënnt den Tennistournoi op der Kockelscheier live bei RTL suivéieren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.