TennisViktoria Azarenka net op der Kockelscheier

Grond ass e Suergerechtssträit mat hirem Ex-Partner, dofir wëll déi fréier Nummer 1 Florida am Moment net verloossen.

© AFP-Archiv
Et ass elo definitiv: D'Wäissrussin Viktoria Azarenka spillt dëst Joer net op der Kockelscheier beim WTA-Tennis-Tournoi.

Tennis op der Kockelscheier: Rep. Franky Hippert



Déi fréier Nummer 1 op der Welt ass nach ëmmer an engem Suergerechtssträit mat hirem Ex-Partner an wëll dowéinst Florida am Moment net verloossen.

D'Organisateuren hate gehofft, datt de Problem um Geriicht bis en Donneschdeg gekläert wär.

Mat der Däitscher Angelique Kerber haten d'Dan Maas an hir Equipe awer Ufank der Woch nach eng fréier Nummer 1 an zweefach Grand-Slam-Gewënnerin fir hiren Tournoi engagéiert kritt.

D'Kerber spillt en Dënschdeg.

Soss si vun der däitscher Fraktioun jo och nach d'Sabine Lisicki an d'Andrea Petkovic ageschriwwen.

Ma och wat déi belsch Spillerinnen ugeet, kommen d'Spectateuren aus der Groussregioun op hir Käschten: Elise Mertens a Kirsten Flipkens sinn dobäi.

Et sinn nach Tickete fir all Dag ze kréien. Vun e Samschdeg u gëtt et eng Dageskeess op der Kockelscheier.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.