VIDEO a FOTOEN: TennisMolinaro verléiert géint d'Wickmayer

Um Samschdeg ass d'Eleonora Molinaro an der Qualifikatioun vun de BGL BNP Paribas Open ugetrueden.

D'Lëtzebuerger Spillerin huet gutt matgehale mam Yanina Wickmayer aus der Belsch. Am éischte Saz ass et an den Tiebreak gaangen, do war d'Molinaro 0:6 hannen. D'Lëtzebuergerin huet sech nach eng Kéier erugekämpft, ma um Enn verléiert déi jonk Spillerin de Saz awer mat 6:8 am Tiebreak.

FOTOGALERIE vum Roland Miny

Molinaro verléiert géint d'Wickmayer (14.10.2017)
Um Samschdeg ass d'Eleonora Molinaro an der Qualifikatioun vun de BGL BNP Paribas Open ugetrueden.


Am zweete Saz huet d'Molinaro sech du méi schwéier gedoen. Um Enn ass och dëse Saz un d'Spillerin aus der Belsch gaangen, dat mat 6:3. Domat ass d'Wickmayer een Tour weider.

© Jhang Mathes


Um Samschdeg war och den Tirage vum éischten Tour an hei kënnt et zur Neioplag vun der Finall bei den Olympesche Spiller. D'Angelique Kerber trëfft hei op d'Olympiagewënnerin vu Rio, d'Monica Puig aus Puerto Rico. Dëse Match gëtt um Dënschdeg gespillt.

© Facebook/BGL BNP Paribas Luxembourg Open


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.