Luxembourg OpenD'Angelique Kerber ass a Lëtzebuerg ukomm

Um Dënschdeg spillt déi fréier Nummer 1 géint d'Monica Puig aus Puerto Rico.

Angelique Kerber kënnt op d'Kockelscheier (14.10.2017)
Déi fréier Nummer 1 vun der Welt wäert um Dënschdeg den éischte Match spillen, dat géint d'Monica Puig.
No all den Ofsoen déi lescht Wochen an Deeg, ass den Organisateuren e Stee vum Herz gefall, wéi déi fréier Nummer 1 definitiv Lëtzebuerger Buedem ënnert hire Féiss hat.

D’Angélique Kerber ass fir déi 3. Kéier op der Kockelscheier op Besuch. No 2010 an 2011, wou si an den Halleffinallen an 3 Sätz vun hirer Kompatriotin Julia Görges eliminéiert gouf. Zanterhier si 6 Joer vergaangen an där sech an der sportlecher Karriär vun der 2facher Grand Slam-Gewënnerin Etleches gedoen huet.

Dee groussen Duerchbroch an hirer Karriär gouf et d'lescht Joer mam Gewënn vun den Australian Open. No 1999 gewënnt mol nees eng Kéier eng däitsch Spillerin e Grand Slam. An der Final klappt d’Angélique Kerber d'Serena Williams mat 6-4, 3-6 a 6-4.

Nodeems déi 28 Joer al Lénkshännerin an der Final zu Wimbledon géint déiselwecht Spillerin dee Kierzeren gezunn hat kroopt si sech zu New York deen 2. Grand Slam Titel bannent engem Joer. Den 12. September

2016 steet si op der Plaz 1. an der Weltranglëscht, 13 Méint méi spéit ass si op d'Plaz 12 zréckgefall.

Nach bleiwen dem Angélique Kerber e puer Wochen fir de Bilan vun 2017 opzepoléieren. An dozou gehéiert och den Tournoi op der Kockelscheier, wou si nächste Samschden als Gewënnerin vum Terrain goe well.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.