Tennis Masters ShanghaiFederer mécht kuerze Prozess géint Nadal

A knapp 72 Minutte war de Match tëscht béide Weltklassespiller eriwwer.

© AFP

Am Tennis huet de Roger Federer an der Finale vum Masters Tournoi zu Shanghai an zwee Sätz géint de Rafael Nadal gewonnen. De Schwäizer konnt sech mat 6-4 an 6-3 géint de Spuenier behaapten.