DammentennisBertens, Puig a Parmentier weider, Petkovic a Lisicki out

Um Mëttwoch goufen d'Aachtelsfinalle bei de BGL BNP Paribas Luxembourg Open op der Kockelscheier gespillt.

© pressphoto
D'Olympiagewënnerin Monica Puig huet zwee Mol missen an den Tiebreak goen, fir géint d'Alison Van Uytvanck ze gewannen. Hei hat si awer déi besser Nerven a konnt sech mat 7:2 respektiv 7:1 duerchsetzen. D'Spillerin aus dem Puerto Rico wënnt domadder an zwee Sätz mat 7:6 a 7:6 a steet ënnert de beschten 8.

D'Elise Mertens aus der Belsch konnt sech an 3 Sätz mat 6:2, 0:6 a 6:3 géint d'Amerikanerin Madison Brengle behaapten.

D'Heather Watson aus Groussbritannien huet dem Anett Kontaveit aus Estland keng Chance gelooss a setzt sech kloer an 2 Sätz mat 6:4 a 6:4 duerch.

D'Carina Witthöft aus Däitschland huet kuerze Prozess mat der Russin Evgeniya Rodina gemaach. Si setzt sech mat 6:2 a 6:3 duerch.

Eng 2:0 Victoire gouf et och fir d'Pauline Parmentier géint d'Veronica Cepede Royg. D'Spillerin aus Frankräich huet mat 7:5 a 6:1 gewonnen.

Déi däitsch Andrea Petkovic huet am zweete Saz vun hirer Partie missen op ginn. Kiki Bertens ass domadder en Tour weider.

D'Sabine Lisicki hat an hirer Partie gutt ugefaangen. Déi däitsch Spillerin konnt den 1. Saz mat 6:4 gewannen. Och de Start an den zweete Saz war gutt, um Enn konnt d' Naomi Broady zeréckkommen an de Saz mat 7:5 fir sech entscheeden. Och den drëtte Saz sollt fir d'Britin sinn, dat mat 6:3. Domadder steet d'Naomi Broady an der Véirelsfinall.

Déi lescht Aachtelfinall ass d'Partie tëscht dem Monica Puig aus dem Puerto Rico an dem Alison Van Uytvanck aus der Belsch. D'Partie kënn Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren. 


De Livestream vun de BGL BNP Paribas Luxembourg Open

FOTOGALERIE: Andréck vun der Kockelscheier vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

FOTOGALERIE: Andréck vum Méindeg vum Val Wagner.

FOTOGALERIE: Andréck vum Dënschdeg vum Val Wagner

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.