DammentennisCarina Witthöft - Monica Puig heescht d'Finall

E Samschdeg de Mëtteg um 15 Auer spillt d'Olmypiagewënnerin Puig aus Puerto Rico géint déi däitsch Spillerin Witthöft.

Um Freideg den Owend stoungen um WTA-Tournoi op der Kockelscheier d'Halleffinallen um Programm.

D'Halleffinale op der Kockelscheier / Resumé vum Rich Simon



An der 1. Halleffinall gewënnt d'Carina Witthöft an 3 Sätz mat 7:6, 1:6 an 6:3 géint d'Pauline Parmentier aus Frankräich.

Am éischte Saz hate béid Spillerinne Problemer, hire Service duerchzebréngen. Souwuel d'Carina Witthöft wéi och d'Pauline Parmentier hunn hire Service direkt 5 Mol missen ofginn an et ass um Enn an den Tiebreak gaangen. Hei war d'Spillerin aus Däitschland e gutt Stéck besser, si konnt den Tiebreak mat 7:2 fir sech entscheeden an domadder de Saz mat 7:6. 

Am zweete Saz ass beim Carina Witthöft net vill zesumme gelaf an d'Pauline Parmentier huet kuerze Prozess gemaach. D'Spillerin aus Frankräich decidéiert de Saz mat 6:1 fir sech. D'Entscheedung ëm d'Plaz an der Finall huet du missen am 3. an decisive Saz falen. D'Carina Witthöft konnt beim Stand vun 2:1 dem Pauline Parmentier de Service ofhuelen an de Saz um Enn mat 6:3 gewannen.

No 2 Stonnen an 18 Minutte gewënnt d'Carina Witthöft an der Halleffinall an 3 Sätz mat 7:6, 1:6 a 6:3 géint d'Pauline Parmentier aus Frankräich.



An der zweeter Halleffinall stounge sech d'Monica Puig aus Puerto Rico an d'Elise Mertens aus der Belsch géigeniwwer.

Am éischte Saz hat d'Olympiagewënnerin Puig zwar heiansdo Pech, konnt sech dee Saz awer um Enn kloer mat 6:2 sécheren.

Am zweete Saz goung et du méi serréiert zou an am Fong wier dem Elise Mertens do e Break gelongen, wann ... jo wann e Ball, dee kloer am Aus war, och aus gezielt gi wier. Ma de Ball vum Puig gouf als "in" gewäert, domat war den erhoffte Break futsch.

D'Mertens huet sech net dovun erholl an huet hire Service beim Stand vu 5:6 fir d'Puig verluer, esou datt och deen zweete Saz un d'Spillerin aus Puerto Rico gaangen ass (7:5).

De Match huet 1 Stonn an 29 Minutte gedauert.

D'Finall gëtt e Samschdeg um 15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu an iwwert d'App iwwerdroen. Och Radio Lëtzebuerg ass live derbäi!

FOTOGALERIE: Andréck vun der Kockelscheier vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.



PROGRAMM

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: Finall
(mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Kremer)
Samschdeg, 21. Oktober vu 15h00 bis 17h30 - Programm vum 1. RTL

RTL Sport Spezial: Tennis (op der Tëlee an op RTL.lu)

Samschdeg, 21. Oktober um 19h45 - Programm vum 1. RTL
De Resumé vun der Finale mam Nico Keiffer

RTL Sport Spezial: Tennis (op der Tëlee an op RTL.lu)
Sonndeg, 22. Oktober um 20h10 - Programm vum 1. RTL
De Resumé vun der Woch

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.