TennisMonica Puig, de Chouchou op der Kockelscheier

Et ass zwar net duergaangen, fir an de Palmares vun den BGL BNP Paribas Luxembourg Open, d’Monica Puig huet sech awer an d'Häerzer vun de Leit gespillt.

Monica Puig, zu Lëtzebuerg immens beléift (23.10.2017)
D'Tennisspillerin huet zwar net gewonnen, huet sech awer an d'Häerzer vun de Lëtzebuerger Spectateure gespillt.
D’Goldmedaillegewënnerin vu Rio, déi am WTA-Ranking e Sprong vun 11 Plazen no vir mécht op d’Positioun 58, hat e Sonndeg no der Finall e ganz emotionale Moment bei der Präisiwwerreechung, wou si virun allem un hir Kompatriote vu Puerto Rico geduecht huet, déi nach ëmmer mat den Nowéien vum Hurrikan Maria ze kämpfen hunn.

Viru 6 Wochen hat d’Monica Puig zu enger Spendenaktioun fir Puerto Rico opgeruff, wou iwwer 133.000 US-Dollar gesammelt goufen. Zesumme mam Maria Sharapova flitt d’Finalistin vun der Kockelscheier dës Woch op déi karibesch Insel, fir den Affer vum Hurrikan Maria e bëssi ënnert d’Äerm ze gräifen.

© Val Wagner