Tennis Masters zu SingapurCaroline Wozniacki géint Venus Williams an der Finall

Beim Tennis Masters zu Singapur steet d'Caroline Wozniacki (WTA-6) an der Finall.

© afp
D'Dänin konnt sech an der Halleffinall an 2 Sätz mat 7:6 a 6:3 géint d'Karolina Pliskova (WTA-3) behaapten.
An der Finall kritt d'Wozniacki et mam Venus Williams (WTA-5) ze dinn. D'Amerikanerin klappt d'Caroline Garcia (WTA-8) aus Frankräich an 3 Sätz mat 6:7, 6:2 a 6:3. D'Venus Williams konnt bis ewell 1 Mol den Titel wannen, dat war 2008 de Fall.

 D'Finall gëtt um Sonndeg um 12.30 Auer gespillt.

 Duerch d'Defaite vum Pliskova bleift d'Rumänin Simona Halep bis Enn des Jores op der 1. Plaz an der Weltranglëscht.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.