TennisEléonora Molinaro klappt Mathlide Devits an 2 Sätz

Mat zwee Mol 6:2 konnt sech déi jonk Lëtzebuergerin bei de Sermelux Open géint d'Mathilde Devits duerchsetzen.

D'Lëtzebuergerin steet duerch dës Victoire an der Véirelsfinall. Den nächste Match am Eenzel fir d'Eleonora Molinaro ass en Donneschdeg um 13 Auer, wou si entweder géint d'Isabelle Pfennig oder Julia Rennert spillt.

© Val Wagner / RTL


Um 18 Auer ass d'Lëtzebuergerin da mat hirer Partnerin Helene Scholsen vum Tennis Club Péiteng am Asaz. Si treffen op d'Priscilla Heise aus Frankräich an d'Deborah Kerfs aus der Belsch.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.