ITF-Tournoi PéitengEléonora Molinaro klappt Julia Rennert an 2 Sätz

D'Eléonora Molinaro huet sech um Donneschdeg an der Véirelsfinall an 2 Sätz mat 6:2 a 6:3 géint déi däitsch Julia Rennert behaapt.

Eléonora Molinaro steet an der 1/2-Finall/Rep. L. Kayser


D'Eléonora Molinaro ass gutt an d'Partie gestart an huet am 1. Saz d'Julia Rennert kloer dominéiert. D'Lëtzebuergerin loung séier mat 5:1 a Féierung, hat dunn awer e puer kleng Schwieregkeeten de Saz fir sech ze entscheeden. Bei eegenem Opschlag hat d'Molinaro 2 Sazbäll, ma konnt dës net notzen, sou dass d'Rennert op 2:5 verkierze konnt. Dem Eléonora Molinaro ass duerno e Break zum 6:2 gelongen. D'Lëtzebuerger huet sech domadder den 1. Saz géint déi 16 Joer jonk Spillerin vun Neuss geséchert.

Den 2. Saz war méi equilibréiert. Beim Stand vun 3:2 ass dem Eléonora Molinaro awer eng weider Kéier an dësem Match e Break gelongen, sou dass Si mat 4:2 a Féierung konnt goen. Um Enn wënnt d'Eléonora Molinaro de Saz mat 6:3 an domadder och de Match.

An der Halleffinall kritt d'Eléonora Molinaro et mat der Hollännerin Chayenne Ewijk ze dinn. D'Partie ass e Freideg um 13 Auer.

Chayenne Ewijk © Val Wagner

 
Am Fall vun enger Victoire vun de Sermelux Open géing d'Eléonora Molinaro 12 Punkte fir d'Weltranglëscht kréien. Fir de Moment steet déi 17 Joer jonk Spillerin op der 810. Plaz am WTA-Ranking.

En Donneschdeg den Owend ass d'Lëtzebuergerin am Dubbel mat hirer Partnerin Helene Scholsen vum Tennis Club Péiteng eliminéiert ginn. Si hu mat 5:7 an 3:6 d'Priscilla Heise aus Frankräich an d'Deborah Kerfs aus der Belsch verluer.

FOTOGALERIE: Sermelux Open (31. Oktober 2017)

FOTOGALERIE: Sermelux Open (30. Oktober 2017)

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.