ATP-World Tour FinalsDimitrov wënnt Finall géint de Goffin

Um Sonndeg war d'Finall vun den ATP-World Tour Finals tëscht dem Bulgar Grigor Dimitrov an dem Belsch David Goffin.

© afp
Den Dimitrov konnt sech an der Halleffinall mat 4:6, 6:0 a 6:3 géint den US-Amerikaner Jack Sock behaapten an de Goffin konnt sech an der Ronn vun de beschte 4 iwwerraschend mat 2:6, 6:3 a 6:4 géint de Schwäizer Roger Federer duerchsetzen.

Den Dimitrov an de Goffin waren an der Gruppephas schonns openee getraff, hei gouf et eng ganz kloer 6:0, 6:2 Victoire fir den Dimitrov.

An der Finall um Sonndeg sollt et awer keng esou kloer Affär ginn. Den Dimitrov konnt den éischte Saz mat 7:5 fir sech entscheeden.




Am zweete Saz huet hie sech allerdéngs mat 4:6 dem Belsch misse geschloe ginn. Domat ass et an den drëtten an entscheedende Saz gaangen.




Hei konnt den Dimitrov beim Stand vun 3:2 aus senger Siicht ee Break realiséieren an esou mat 4:2 a Féierung goen. Hien huet uschléissend keen Service méi ofginn a wënnt esou de leschte Saz mat 6:3.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.