FLT MastersVictoirë fir Molinaro a Kremer

Um Sonndeg war zu Esch d'Finall vum FLT Masters zu Esch bei den Hären, esouwuel ewéi och bei den Dammen.

Am Tennis goufen et um Sonndeg beim FLT-Masters zu Esch genee déi selwecht Vainqueuren, wéi virun engem Joer.
Bei den Häre war den Titel fir de Gilles Kremer a bei den Damme konnt sech d'Eleonora Molinaro souguer schonns fir drëtte Kéier hannerteneen duerchsetzen.

FLT Masters - vum Jeff Kettenmeyer

Déi 17 Joer jonk Tennisspillerin huet den Tournoi dominéiert an och an der Finale géint d'Claudine Schaul net vill ubrenne gelooss a sech an zwee Sätz duerchgesat. D'Eleonora Molinaro huet trotz dem jonken Alter a gewësse Situatiounen schonns immens vill Rou.

"Et war keng Gefor, ech war preparéiert. Ech hu 7 Mol géint d'Claudine Schaul gespillt. Ech sinn och houfreg, 3 Mol hannereneen ze gewannen. Dat wëllt schonn eppes heeschen. Ech freeë mech scho op déi 4. Editioun", seet d'Spillerin. 

D'Saison 2017 ass deemno mat engem perfekten Ofschloss op en Enn gaangen, ma alt ze laang Paus wäert awer net a Fro kommen, well fir 2018, och wann den Detail nach feelt, vill um Programme wäert stoen.

"Ech weess nach net, wat fir eng Tournoie ech wäert spillen, mä wat sécher ass, ech wäert d'ITF Juniore spillen, fir ze probéieren, an d'Top 50 ze kommen, fir déi lescht 3 Grand-Slamen ze spillen: Roland Garros, Wimbeldon an US-Open. Mäin Zil fir Ënn d'nächst Joer ass 500 WTA", erkläert si weider.

Och bei den Häre gouf et dee selwechte Vainqueur, wéi d'lescht Joer. De Gilles Kremer konnt sech an 3 Sätz géint den Ugo Nastasi duerchsetzen, am leschten an decisive souguer mat 6-0. Ma déi zwee Éischt waren awer ganz serréiert a virun allem mental ass de Gilles Kremer nom verluerenen zweete Saz ganz staark bliwwen an huet sech net aus der Rou brénge gelooss.

"Ech war ëmmer positiv. Natierlech ass et schwéier, den zweete Saz esou ze verléieren. Ech hat meng Chance. Et ass mir net gelongen, an zwee Sätz ze gewannen", sou de Spiller. 

De 36 Joer ale Gilles Kremer ass den Ament kierperlech sou fit, wéi schonns laang net méi a war am RTL-Interview och optimistesch, fir 2018 eng gutt Roll ze spillen.


Den Turnéierbam bei den Dammen

Den Turnéierbam bei den Hären

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.