TennisJana Novotná stierft am Alter vun 49 Joer u Kriibs

Eng traureg Nouvelle kënnt aus der Tenniswelt. Déi fréier Wimbledon-Gewënnerin Jana Novotná ass am Alter vun 49 Joer gestuerwen.

Jana Novotná stierft am Alter vun 49 Joer u Kriibs (20.11.2017)
Eng traureg Nouvelle kënnt aus der Tenniswelt. Déi fréier Wimbledon-Gewënnerin Jana Novotná ass am Alter vun 49 Joer gestuerwen.
Si hat och 1991 an 1992 den Tennistournoi op der Kockelscheier gewonnen an ass dem Tournoi iwwer laang Joren trei bliwwen.



Si stoung 2 mol an der Wimbledon-Finale, éier se den Tournoi 1998 konnt géint d'Nathalie Tauziat gewannen. D'Novotná huet ëmmer als grouss Rivalin vum Steffi Graf gegollt.

Hir beschte Ranking an der Tennis-Weltranglëscht am Eenzel war Plaz 2. An der 14 Joer laanger Karriär huet se 100 WTA-Titele gewonnen, 76 dovunner am Dubbel, wou se an der Weltranglëscht och op Plaz 1 stoung. Si konnt 12 Grand-Slam-Titelen am Dubbel gewannen an huet do och laang Zäit mam Martina Hingis gespillt. D'Tschechin huet 3 Medailen op Olympesche Spiller gewonnen a gouf 2005 an d'Hall of Fame opgeholl.

D'Jana Novotná huet e laange Kampf géint de Kriibs um Enn verluer.

"It is with deep sadness that the WTA announces the passing on Sunday, November 19, of Jana Novotna, the former WTA World No.1 doubles and No.2 singles champion. After a long battle with cancer, Jana died peacefully, surrounded by her family in her native Czech Republic, aged 49."

De WTA-Direkter Steve Simon huet nach geschriwwen: "Jana was an inspiration both on and off court to anyone who had the opportunity to know her. Her star will always shine brightly in the history of the WTA. Our condolences and our thoughts are with Jana’s family."

Jana Novotna u Kriibs gestuerwen / Reportage Franky Hippert




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.