Tennis-Saison eriwwerGilles Muller schléisst op ATP-Plaz 25 of

Zanter e Sonndeg ass d'Saison am internationalen Tennis definitiv eriwwer. Beim ATP-Masters hat sech de Bulgar Gregor Dimitrov iwwerraschend duerchgesat.

Fir de beschte Lëtzebuerger Tennisspiller ass d'Saison wéinst enger Blessure um Ielebou zanter e puer Wochen eriwwer. De Franky Hippert huet beim Gilles Muller nogefrot, wéi et him geet an huet nach eng Kéier mat der aktueller Nummer 25 an der Tennisweltranglëscht op déi lescht Méint zeréckgekuckt:

Gilles Muller Saison 2017 / Reportage Franky Hippert


No engem ganz intensive Joer huet de Gilles Muller gezwongenermoossen e bësse éischter an de leschte Woche misse Paus maachen. De 34 Joer ale Spiller vun der Spora freet sech awer, wann hien d'Rackett nees an de Grapp kann huelen. Do virdrun muss hien awer nach e bësse waarden an an den IRM goen, fir ze kucken, ob d'Entzündung och wierklech fort ass.

Fir datt den Ielebou nees tipptopp an d'Rei kënnt, ass de Gilles Muller eemol d'Woch an Holland bei e Spezialist, deen op Ielebéi spezialiséiert ass, gefuer. Déi aner Deeg ass hien dann zu Lëtzebuerg beim engem Kiné a Behandlung.

De Lëtzebuerger Sportler vum Joer, deen och dëst d'Kéier nees grouss Chancen huet, deen Titel ze verdeedegen, ass wei e gudde Wäin, wat méi al wat besser. Dat hues sech elo déi lescht 4 Joer effektiv confirméiert. De Gilles Muller hat ganz gutt Resultater a konnt sech den Dram vun enger Victoire op der ATP-Tour endlech erfëllen. Da war och d'Véirelsfinale op engem Grand-Slam-Tournoi e grousst Zil vum Lëtzebuerger Tennisprofi.

Den Héichpunkt vun der Saison war awer ganz kloer d'Victoire vum Gilles Muller an der Aachtelsfinale zu Wimbledon, dem traditiounsräichste Grand-Slam vum Joer, mat der epescher Victoire a 5 Sätz, no 4 Stonnen a 48 Minutte puren Emotiounen, géint déi aktuell Nummer 1 op der Welt Rafael Nadal aus Spuenien.

Et war e risegt Erliefnis an déi ganz Emotioune waren eemoleg. Dee Match huet de Lëtzebuerger awer wuel och vill Energie um an ausserhalb vum Terrain kascht, well do esouvill geschitt ass. Hie mengt awer och, datt dat ronderëm méi haart war, wéi dat um Terrain selwer.

An der Weltranglëscht huet de Gilles Muller d'Saison op der Plaz 25 ofgeschloss. Dat ass dee beschte Ranking um Enn vum Joer an der Karriär vum 34 Joer ale Tennisprofi.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.