TennisÄnnerunge bei Grand-Slam-Turnéier: Shot-Clock kënnt

Vun 2019 u ginn et eng Partie Ännerunge bei de Grand-Slam-Turnéier. Sou huet een z.B. tëscht 2 Punkten just nach 25 Sekonne fir säin Opschlag ze maachen.

An der Theorie gouf et déi Reegel schonn, ma et war ëmmer dem Schiidsriichter iwwerlooss ze intervenéieren, wann een ze laang gebraucht huet fir säin Opschlag ze maachen. 
Vun den Australian Open un, kënnt dann elo eng sougenannte "Shot-Clock" an den Asaz... e Countdown vu 25 Sekonnen. Bannent där Zäit muss ee säin Opschlag da gemaach hunn. Beim 1. Verstouss gëtt de Spiller verwarnt... beim zweete Verstouss verléiert en automatesch säin 1. Opschlag. Bei weidere Verstéiss kritt de Géigner Punkten.

Virun allem de Spuenier Rafael Nadal ass dofir bekannt, dacks laang ze brauchen tëscht senge Servicer. Hien hat sech och kloer géint sou eng Shot-Clock ausgeschwat. D'Auer gouf z.b. bei de US Open vun de Juniore mat Succès getest.

D'Shot-Clock ass awer net déi eenzeg Ännerung.

Opwiermen

Fir dass d'Televisiounschaînen hir Sendezäite besser plange kënnen, fir d'Iwwerdroung vun engem Match, sollten d'Zäite fir d'Opwierme vun de Spiller virum Match méi streng agehale ginn. Si hu 7 Minutten Zäit fir sech waarm ze spillen. Wann een no deene 7 Minutten net prett ass, ginn et Strofe vu bis zu 20'000 Dollar.

Blessuren
Dacks soe Spiller kuerzfristeg virun hirem Optaktmatch bei engem Grand-Slam-Tournoi verletzungsbedéngt of. Wann dat nom Donneschdeg 12 Auer virum Turnéier geschéien, da krutt de Spiller just nach d'Halschent vum Präisgeld fir eng 1.Ronn-Néierlag. Déi aner Halschent geet un de Lucky Loser, dee fir de Blesséierten aspréngt. Domat wëll ee verhënneren, dass blesséiert Spiller just untrieden an dann opginn, fir sech hir Primm ofzehuelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.