TennisDe Gilles Muller kann nees mat Raquette trainéieren

No 2 Méint Paus wéint der Blessure u sengem lénken Ielebou kann de Gilles Muller elo nees mat senger Raquette trainéieren.

Déi aktuell Nummer 25 an der Tennisweltranglëscht hat jo am September wengst där Blessure fréizäiteg e Stréch ënnert d'Saison missen zéien. Zanterhier hat de Lëtzebuerger Sportler vum Joer virun allem um physesche Plang geschafft.

De Spiller vun der Spora huet dann och matgedeelt, datt hie bei der 1. Renconter am Davis Cup géint Rumänien net wäert mat dobäi sinn, et awer probabel ass, datt hien am Abrëll déi 2. spillt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.