TennisAm Davis Cup steet et 1:1 tëscht Frankräich an der Belsch

D'Belsch waren duerch den David Goffin a Féierung gaangen, de Jo-Wilfried Tsonga konnt du fir Frankräich ausgläichen.

De Jo-Wilfried Tsonga
An der Finall vum Tennis Davis Cup zu Lille steet et nom 1. Dag 1:1 tëscht Frankräich an der Belsch.

D'Belsch waren duerch den David Goffin, dee sech an 3 Sätz géint de Lucas Pouille duerchgesat hat, a Féierung gaang. D'Fransouse konnten duerch de Jo-Wilfried Tsonga ausgläichen, dee sech kloer an 3 Sätz géint de Steve Darcis behaapte konnt.

Um Samschdeg ass den Dubbel, éiert e Sonndeg déi zwee lescht Simpele sinn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.