Tennis; Davis CupFrankräich nom zweeten Dag mat 2:1 a Féierung

Zu Lille ass d'Finall am Tennis Davis Cup tëscht Frankräich an der Belsch.

© afp
Nom zweeten Dag ass Frankräich mat 2:1 a Féierung. Am Dubbel konnt sech déi franséisch Koppel Gasquet / Herbert a 4 Sätz mat 6:1, 3:6, 7:6 a 6:4 géint den Duo Bemelmans / De Loore aus der Belsch duerchsetzen.

E Sonndeg ginn déi zwee lescht Simple gespillt.