TennisFrankräich gewënnt den Davis Cup géint d'Belsch

An der Finall vum Davis Cup ka sech Frankräich géint d'Belsch mat 3:2 duerchsetzen.

© afp
Virun enger fantastescher Kulisse mat 28.000 Leit konnt sech am éischten Eenzel vum leschten Dag de Belsch David Goffin mat 3:0 (7:6, 6:3, 6:2) géint de Fransous Jo-Wilfried Tsonga duerchsetzen.

Am zweeten a leschten Duell gewënnt de Lucas Pouille da ganz däitlech mat 3:0 (6:3, 6:1, 6:0) géint de Steve Darcis an huet soumat Frankräich d'Victoire geséchert.