De Freides-Invité vum 8. DezemberGilles Muller

2017 war säi Joer!

Radio - Freides-Invité: Gilles Muller (08.12.2017)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
Direkt am Januar gouf et den éischte Succès bei engem ATP-Turnéier, als 21. déi bis haut beschte Plazéierung op der Tennis-Weltranglëscht an zu Wimbledon fir d'éischte Kéier an der Véierelsfinall no engem memorable 5-Saz-Match géint de Rafael Nadal an um Enn vum Joer fir d'4. Kéier hannerteneen den Titel als Lëtzebuerger Sportler vum Joer. Mat 34 Joer war en um Top vu senger Karriär, och wann no den US Open seng Form ofgeholl huet an eng Blessure seng Saison gestoppt huet. Elo ass de Gilles Muller nees am Training a kuckt op déi nächst Saison. Wat en do wëlles huet a wéi e selwer all déi Momenter 2017 emotional erlieft huet, dat huet eis de Gilles Muller als Freides-Invité erzielt.

De Freides-Invité: Gilles Muller



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu (Audio a Video). An duerno och am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.