TennisDe Rafael Nadal muss säi Comeback op en Neits reportéieren

D'Nummer 1 op der Welt huet den ATP-Tournoi vu Brisbane missten ofsoen. Déi spuenesch Tennis-Vedette seet hie wier nach net prett.

Den Nadal war elo am Hierscht mat Problemer um Knéi geplot. Bei den Australian Open de 15. Januar wëll den Nadal awer untrieden.