TennisEleonora Molinaro wënnt Tournoi um Cap d'Ail

D'Eleonora Molinaro huet um Samschdeg mat der Victoire vum ITF-Juniorinnen-Tournoi a Frankräich hire 4. Titel dëst Joer gewonnen.

© pressphoto (Archiv)
An der Finall huet sech d'Lëtzebuergerin an 2 Sätz mat 6:2 a 7:5 géint d'Federica Rossi aus Italien duerchgesat. No Antalya, Esch-sur-Alzette a Gonesse ass dëst de 4. Titel an dësem Joer fir déi 17 Joer al Lëtzebuergerin.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.